50 Joer 1970 - 2020

De Gesangveräin "Chorale Mixte Sainte-Cécile Mertert" ass den 11. September 1970 gegrënnt ginn, wéi den "Cäcilienveräin" an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier fusionéiert hunn.

Wor de Gesang bis Dato de Männer virbehalen, sou konnte vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden. "Mat onsem stëmmege Gesang a mat Freed gi mir de kierchleche Feste de richtege Klang. Spirituell a weltlech Concertë stinn all Joer bäi ons um Programm."

"Wie Spaass u Gesank a Gesellegkeet huet, ass bei ons häerzlech wëllkomm."

Concert am Advent

Impressioune vum Concert den 08.12.2019 zu Mäertert an der Kierch